Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Schonn 1992 gouf déi interregional Kooperatioun a Saache Suchtpräventioun an der sougenannter “Mondorfer Gruppe” vum Saarland, Lëtzebuerg, Rheinland-Pfalz, der däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch an der Lorraine festgeluecht, an an der Traditioun vun dëser Mondorfer Gruppe gëtt eng Interregional Weiderbildung fir Mataarbechter a sozialen Aarbechtsfelder vun August 2014 bis an de Mee nächst Joer ugebueden, déi mat der sougenannter “Wildnispädagogik” Impulser wëllt ginn, fir mat Familjen, Kanner a Jugendlechen ze schaffen.De Roland Carius vum Centre de prévention des Toxicomanies ass ee vun de Responsable vun dëser Formation continue, mir begréissen hien zesummen mam Direkter vum CePT, dem Dr. Jean-Paul Nilles.(Rediff. um 13.20)