Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Vill vun hinnen hu méi oder manner traumatesch Erliefnesser duerchgemaach, ier se endlech hei am Land ukommen, Erliefnesser déi hiert ganzt Liewen markéieren, an déi mer am friddleche Lëtzebuerg net onbedéngt kënnen novollzéien. Ënnert der Affiche “Jeunes et familles venus d’ailleurs” ass haut de ganzen Dag iwwert eng Journée d’etude um Belair. Professioneller aus dem médico-psycho-sozio-edukative Beräich kréien hei Unhaltspunkte mat op de Wee, wéi se mat migrationsbedéngten an och onbekannten ante-migratiouns Problemer ëmgoe sollen. Live am Studio ass d’Antoinette Thill-Rollinger, Directrice vum CPOS, Centre de psychologie et d’orientation scolaires, déi zesumme mat aneren Associatiounen op dës Journée d’Etude invitéieren.(Rediff. um 13.20)