Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am Kader vun de gesellschaftspolitesche Reformen ass d’Trennung tëscht Kierch a Staat eng Topprioritéit fir déi lëtzebuerger Regierung. Dowéinst ass en “Te deum” op Nationalfeierdag vun dësem Joer u Privatsaach amplaz Deel vum offizielle Programm. Mee wéi ginn d’Gemenge mam “Te deum” ëm? Wat fir Viraussetzunge mussen iwwerhaapt erfëllt sinn, fir dat déi Trennung konkret um Terrain ëmgesat ka ginn? Wat geschitt beispillsweis mat de Paschtoueschhaiser? Sinn d’Besëtzverhältnesser ëmmer eendeiteg? Am Interview begréisse mer den Emile Eicher a senger Funktioun als President vum Gemengesyndikat Syvicol.(Rediff. um 13.20)