Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Iwwert d’Biotopkartéirung hei am Land ass scho ganz vill Tënt verschriwwe ginn. Bauerenorganisatioune kritiséieren ënner anerem, datt iwwert hir Käpp ewech, a virun allem ouni si iwwerhaapt z’informéieren Hektaren an Hektaren gutt Wisen a Biotopen emdefinéiert goufen, an datt se dowéinst an Zukunft vill manner Fudder fir d’Béischte wäerten hunn. Vu staatlechem Dirigismus ass scho geschwat ginn, a vun de facto Enteegenung. D’Emweltministesch Carole Dieschbourg war de Moie mat Informatiounen iwwert de Biotopkadaster beim Marie-Paule Fischbach am Interview.(Rediff. vu 7.35)