Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
E Freideg ass Weltflüchtlingsdag. An deem Kontext invitéiert Amnesty international haut op eng Soirée an de Kino Utopia wou d’Situatioun vun der Zivilpopulatioun am Biergerkrich a Syrien ënnert d’Lupp geholl gëtt. Ënnert der Affiche “Crise syrienne: enjeux humains pour des politiques migratoires plus justes en Europe et au Luxembourg?” steet och di inkohärent Attitude vu Lëtzebuerg zur Diskussioun, wat zwar mat vill Gedäisch e Grappvoll syresch Flüchtlingen offiziell opgeholl huet, mee déi Leit nach ëmmer net regulariséiert huet, déi sech scho viru längerer Zäit hei am Land virum Krich a Sécherheet bruecht hunn. Live am Studio ass de Frank Wies, Vize-President vun Amnesty international Lëtzebuerg.(Rediff. um 13.20)