arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Dëse Freideg ass Weltflüchtlingsdag, an an deem Kontext invitéiert Amnesty International Lëtzebuerg fir haut den Owend 7 Auer an de Kino Utopia fir eng Soirée iwwerschriwwen “Crise syrienne: enjeux humains pour des politiques migratoires plus justes en Europe et au Luxembourg?”. Am Studio beim Marie-Paule Fischbach war de Moien de Frank Wies vun Amnesty International Lëtzebuerg.(Rediff vu 7.35)