Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Gëschter huet sech déi lëtzebuerger Antenn vu “Médecins du Monde” der Press presentéiert. D’ONG gesäit hir Haaptaufgab an der Ënnerstëtzung vu Bevölkerungsgruppen a Krisesituatiounen, woubäi si ganz bewosst politesch net neutral sinn, mee Verletzunge vu Mënscherechter dokumentéieren an d’Effentlechkeet informéieren. A Griichenland beispillsweis, deem säi Sozialsystem wéinst de ville “Sanéierungspläng” vum Staatsbudget op den Hond komm ass, sinn d’“Médecins du Monde” scho jorelaang aktiv. Live bei eis am Studio ass den Dr Jean Bottu, President vu “Médecins du Monde” Lëtzebuerg an de Géry Meyers, Vize-President vu Médecins du monde.(Rediff. um 13.20)