Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am Virfeld vun der Fussballweltmeeschterschaft lancéiert de CITIM (Centre d’information Tiers Monde) e ganzen Zyklus mat Konferenzen a soss kulturelle Manifestatiounen, wou Hannergronnwëssen iwwert Brasilien vermëttelt gëtt. Haut den Owend geet et lass mat der Konferenz “Peuples indigènes dans l’Amazonie brésilienne: vivre entre tradition et modernité”. Am Studio begréisse mer d’Sandy Fournelle, déi beim CITIM fir d’Effentlechkeetsaarbecht zoustänneg ass, an de Patrick Krãnipî Godar, Konferenzier vum Owend. De Patrick Godar huet véier Joer laang a Brasilien, ënner anerem beim indigène Vollek Xerente am Amazonas Dschungel, gelieft.(Rediff. um 13.20)