Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am Virfeld vun der Fussballweltmeeschterschaft lancéiert de CITIM (Centre d’information Tiers Monde) e ganzen Zyklus mat Konferenzen a soss kulturelle Manifestatiounen, wou Hannergronnwëssen iwwert Brasilien vermëttelt gëtt. Haut den Owend geet et lass mat der Konferenz “Peuples indigènes dans l’Amazonie brésilienne: vivre entre tradition et modernité”. Am Studio beim Marie-Paule Fischbach waren de Moien d’Sandy Fournelle, déi beim CITIM fir d’Effentlechkeetsaarbecht zoustänneg ass, an de Patrick Godar, Konferenzier vum Owend. De Patrick Godar huet véier Joer laang a Brasilien, ënner anerem beim indigène Vollek Xerente am Amazonas Dschungel gelieft.(Rediff. vu 7.35)