Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am Interview ass de Jan Guth vun der neier Bewegung “Freedem not fear” (www.fnf.lu). Heiranner hu sech Représentante vun alle politesche Borden an och soss Associatiounen zesummefonnt, deenen d’Netz- an d’Sécherheetspolitik um Häerz läit, an déi an dem Kontext op divers Mëssstänn opmierksam maache wëllen. Mam Jan Guth schwätzt d'Marie-Paule Fischbach verschidden Themen un, vum CCTV Projet (elektronesch Ofsécherung vu Gebaier géint Intrusioun, Hold-Up a Feier) iwwert d’Vorratsdatespäicherung bis zum Internet an zwou Vitessen, wou een Zukunft bezuele misst, fir seng Date séier a sécher z’iwwerdroen. (Rediff. um 13.20)