Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D’Situatioun an der Ukraine huet den Noen Osten aus der Weltaktualitéit verdrängt, an dowéinst kritt kaum e Mënsch d’Bedeitung vun neien Elementer am Israel-Palestina Konflikt mat. Wat solle mer zum Beispill dovunner halen, dat Fatah an Hamas sech nees matenaner verstinn? Am Interview begréisst d'Marie-Paule Fischbach de Michel Legrand a senger Funktioun als President vum “Comité pour une paix juste au Proche-orient”. Gëschter Owend war am Kader vun hirem Programme “Printemps des cultures palestiniennes” de Vernissage vun der Gaza-Ausstellung “Not a dreamland” an der Stater Gare. (Rediff. um 13.20)