Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Dëse Weekend war hei zu Lëtzebuerg d’Generalversammlung vun “Autisme Europe”. Do derhannert verstoppe sech eng 80 Organisatiounen, déi am Beräich vum Autismus aktiv sinn, dorënner och d’FAL, “Fondation Autisme Luxembourg”. D'Marie-Paule Fischbach mécht e Réckbléck op dës Generalversammlung, wou en etlech Facette vum Autismus ugeschwat goufen, dorënner och “Autismus an Aarbecht”. En Thema wat eminent wichteg ass, wëll tëscht 76 an 90 Prozent vun den erwuessenen Autisten hu keng Aarbecht! Live am Studio war den André Weisgerber vum Comité de Direction vun “Autisme Europe”. (Rediff vu 7.35)