Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Wéi vermëttelen ech en anti-faschisteschen an/ oder en anti-rassistesche Message u Jonker? Dat ass den Hannergrond vun der Aktioun “Fashion against Fascism and Racism”, muer den Owend um fënnef Auer am Resistenzmusée zu Esch. E klenge Grupp vu jonke Leit tëscht 12 an 19 Joer hu selwer Kleeder entworf, an deene se Muer den Owend am Resistenzmusée défiléieren. Et ass eng Initiativ vum Jugendtreff SABA zu Zolver, an am Studio de Moie beim Marie-Paule Fischbach waren d’Educatrice graduée Kim Agostini, responsabel fir de Jugendtreff, a representativ fir déi Jonk d’Tatiana Beidler, d’Eva Heintz an de Kevin Clemens. Un d’Kim Agostini déi éischt d’Fro, wéi et zu dem Projet koum?(Rediff. vu 7.35)