Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
TAFTA, dat transatlantescht Fräihandeslofkommes, iwwert dat schonn zënter de 90er Jore geschwat gëtt, fänkt u konkret ze ginn a Form vum TTIP, Transatlantic Trade and Investment Partnership. Iwwert TAFTA an TTIP informéiert den Daniel Sahr, dee fir d’Chambre de Commerce d’Verhandlungen zu Bréissel suivéiert. D’Marie-Paule Fischbach schwätzt hien och op déi ganz Ängschte vun der Bevëlkerung hei an Europa un, z.b. am Kontext vun der Liewensmëttelsécherheet, dem Ëmweltschutz oder dem Aarbechtsrecht, wou d’Standarden op der anerer Säit vum Atlantik vill méi niddereg sinn.(Rediff. um 13.20)