Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am Klimapakt, deen d’Gemenge mam Staat aginn, geet et drëm fir eng nohalteg an ëmweltschounend Energie- a Klimaschutzpolitik ze maachen. De Klimapakt leeft bis 2020, an hei sinn d’Méiglechkeeten opgezeechent, wéi de Staat de Gemengen am Kampf géint de Klimawandel finanziell ënnert d‘Äerm gräift. Eng wichteg Roll spillen dobäi di erneierbar Energien. Datt awer nach méi Biogasanlagen, Holzhackschnëtzelanlagen, an esouguer d’Wandkraaftanlagen net onschëlleg fir d’Ëmwelt an d’Biodiversitéit sinn, dat erklären de Mikis Bastian an d’Katharina Backes vun der Centrale Ornithologique vun der ONG “Nature an Ëmwelt”. Si waren de Moie beim Marie-Paule Fischbach am Interview.(Rediff. vu 7.35)