Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Op Ouschterdag an d’Mass goen oder net? D’Kommunioun maachen oder net? Schonn a “normale” Famillje sinn esou Froen net ëmmer einfach am Sënn vun de Kanner ze beäntweren. Mee wat ass, wann d’Eltere sech just getrennt hunn, an deen een “hü”, an deen aneren “hott” seet? Am Interview iwwert Ouschteren als kritescht Evenement ass d’Pädagogin Barbara Gorges-Wagner, responsabel fir de Kanner- a Jugendtelefon 116 111 (a fir den Elterentelefon 26 64 05 55).(Rediff. um 13.20)