Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
ICT steet fir “Information and Communication Technologies”, a beim Luxembourg ICT Cluster geet et drëm, fir Synergien tëscht Entreprisen ze fannen, déi an deem Domaine schaffen, ëmmer nom Motto “Turning innovation into Business”. Zënter e puer Deeg huet de Luxembourg ITC Cluster, dee bei Luxinnovation ugesiedelt ass, e neie President a Form vum Internet Entrepreneur an EuroDNS Grënner Xavier Buck. Zesumme mam Jean-Paul Hengen, dem Cluster Manager war de Xavier Buck de Moien Invité beim Marie-Paule Fischbach.