Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Zënter e puer Deeg huet de nationale Fraerot (CNFL) eng nei Presidentin: d’Christiane Haller-Feith iwwerhëlt d’Nofolleg vun der Danielle Becker-Bauer. Fir hiert Mandat huet si sech e puer Prioritéite gesat wou si sensibiliséiere wëll, vun der Gewalt géintiwwer Fraen iwwert d’Ofwiessenheet vun de Fraen an der Gemengepolitik, bis hin zur Weiderversécherung, wann se an hirer berufflecher Carrière eng Paus maachen. Mir froen si och iwwert Fraequoten, an iwwert déi nach ëmmer gewalteg Paienënnerscheeder (bei der selwechter Aarbecht) tëscht Männer a Fraen.(Rediff. um 13.20)