Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Zënter e puer Deeg huet de nationale Fraerot eng nei Presidentin: d’Christiane Haller-Feith iwwerhëlt d’Nofolleg vun der Danielle Becker-Bauer. Fir hiert Mandat huet si sech e puer Prioritéite gesat, wou si sensibiliséiere wëll, vun der Gewalt géintiwwer Fraen iwwert d’Ofwiesenheet vun de Fraen an der Gemengepolitik, bis hin zur Weiderversécherung, wann se an hirer berufflecher Carrière eng Paus maachen. D’Christiane Haller-Feith war de moie beim Marie-Paule Fischbach am Studio. Mir rediffuséieren d’Gespréich.(Rediff. vu 7.35)