Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
En Donneschden an e Freideg ass an der Luxexpo um Kierchbierg den aachte Forum de la sécurité et de la santé au travail fir deen iwwert 2 000 Inscriptioune vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun erwaart ginn. Ergonomie, d’Responsabilitéit vum Chef d’Entreprise fir seng Salariéën , WiFi a Gesondheet, wéi e Burn-out verhënneren, bis hin zu wat iesse fir méi Leeschtung ze erbréngen. Dat si just e puer vun de sëllechen Themen, déi ugeschwat ginn. Live am Studio sinn d’Oganisateure Martine Peters, Conseillère de Direction bei der UEL (Union des Entreprises luxembourgeoises) an de Paul Meyers, Ingénieur-Inspecteur bei der AAA (Association d’assurance accident).(Rediff. um 13.20)