Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D’lescht Woch koum d’Nouvelle, datt amerikanesch Fuerscher souzesoen den Echo vum Big Bang vu virun ongeféier 14 Milliarde Joeren héieren hätten. Domat hätte mer den éischten direkte Beweis fir déi kosmesch Inflatioun, déi mam Urknall an d’Wee geleet ginn ass. Iwwert dës wëssenschaftlech Sensatioun huet d’Marie-Paule Fischbach sech de Moien iwwert Telefon mam Astrophysiker Dr Jean-Luc Lehners ënnerhalen, deen op de fréien Universum spezialiséiert ass, an um Max-Planck-Institut fir Gravitatiounsphysick zu Potsdam dozéiert. Als éischt d’Fro un den Dr Lehners, wat fir Signaler do agefaange goufen.(Rediff vu 7.35)