Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am Summer zitt Brasilien nach emol méi wie soss Touristen un, déi wäerte profitéiere fir deen een oder anere Match vun der Fussballweltmeeschterschaft live do ze gesinn. Dass esou eng Mass un Touristen och Gefore mat sech bréngt fir déi lokal Populatioun, mécht ECPAT Lëtzebuerg an der leschter Campagne mam Numm Ne détournez pas le regard – Voici où peut finir une coupe du monde kloer, a wëllt domat präventiv géint sexuell Exploitatioun vu Mannerjärege handelen. D’Nathalie Bender huet sech iwwert d’Campagne mam Claude Briade vun ECPAT ënnerhalen, deen nach emol explizéiert wat d’Aufgabe vun ECPAT sinn, an wourëm et genau bei dëser Campagne geet.(Rediff. vu 7.35)