Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Invité vum Dag ass den Dr. André Weidenhaupt, deen nach bis Enn Februar Direkter vun der Waasserverwaltung ass, ier e Premier Conseiller de Gouvernement am Ëmweltministère gëtt. Déi lescht méi wéi 8 Joer huet den André Weidenhaupt alles wat d’Waasser zu Lëtzebuerg ugeet, ausser d’Schëfffahrt, dirigéiert, a villes gouf an Ugrëff geholl, ma et ass och nach vill ze schaffen am Beräich vun der Gestion de l’eau zu Lëtzebuerg, och am Kader vun der EU-Waasserkaderdirektiv.(Rediff. vu 7.35)