Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Fir déi 50. Kéier war dëst Joer vum 1. bis den 10. Februar den Autofestival zu Lëtzebuerg – déi Zäit an där de potentielle Keefer vun engem neien Won nët nëmme bei sengem Garagiste, mä entretemps bei der Bank an der Assurance besser Konditioune kritt wéi am normale Geschäft. Wéi ass de Bilan vun dësem 50. Salon, an wéi ass d’Nofro no neien Technologien, notamment dem Elektro-Auto, an dem Elektro-Hybrid-Auto? D’Nathalie Bender huet sech beim Ernest Pirsch, dem President vun der Fédération des Garagistes du grand-Duché de Luxembourg (FEGARLUX), informéiert.(Rediff vu 7.35)