Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
De 27. Januar huet d’Agence Luxembourg for Finance e “Memorandum of understanding” mat der russescher Haaptstad Moskau ënnerschriwwen, mat dem béid Finanzplazen eng Partnerschaft aginn. Ausserdeem ass den 1. Januar en Duebelbesteierungsoofkommes mat Russland a Kraaft getratt. Mir froen de Nicolas Mackel, CEO vu Luxembourg for Finance wat déi Zesummenaarbecht fir Lëtzebuerg bedeit, a wat eventuell Risike sinn. Rieds geet och iwwert déi chinesesch Währung Renmimbi, am Virfeld vun engem grousse Renmimbi Forum, dee Luxembourg for Finance de 26. Februar an der Philharmonie organiséiert. Gëtt de Renmimbi wierklech eng Weltwährung wéi den Dollar oder den Euro?(Rediff. um 13.20)