Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Well déi traditionell Kriibstherapie mat ganz vill Niewewierkungen verbonne sinn, well net nëmmen d’Tumeuren, mee och vill gesond Zellen zerstéiert ginn, mécht d’Nanomedezin beim Traitement vu Kriibskrankheete Sënn. Am Kader vum Weltkriibsdag de 4. Februar war eng Table-ronde iwwert d’Bedeitung vun der Nanomedezin an der Kriibstherapie. Mir begréissen zwee vun de Spezialisten vum CRP Gabriel Lippmann, déi op der Table-ronde derbäi waren bei eis am Studio: den Dr Damien Lenoble ass ënner anerem Vize-President vun der European Technology Platform on Nanomedecine, an den Dr Jean-Sébastien Thomann huet sech op “theragnostesch” Nano-Objete spezialiséiert. Déi zwee Fuerscher soen eis, a wéi wäit d’Nanomedezin schonn eng Realitéit fir d‘Patienten ass, a wat fir Entwécklungen an noer Zukunft op eis duerkommen.(Rediff. um 13.20)