Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Haut den Owend gëtt de Präis Hëllef fir d’Natur 2013 un de Naturpark Uewersauer iwwerreecht, fir hiren Engagement géint de Riesenbärenklau (Heracleum mantegazzianum), eng invasiv Planzenaart, déi an eise Breedegrade vill Schued uriicht, a geféierlech fir de Mënsch ka sinn. Mir froen de Claude Meisch, President vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur, firwat si d’Eliminéiere vu Planze mat engem Präis belounen, a Rieds geet och iwwer aner invasiv Planzen- an och Déierenarten.(Rediff. um 13.20)