Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Vum leschten Dezemberdag un ass d’Clinique de la douleur an der Zithaklinik zou, well d’Ressource feele fir dëse Schmäerztherapiezentrum ze bedreiwen.D’ALPADOC, d’Association luxembourgeoise des patients à douleurs chroniques, huet dorops eng Petitioun lancéiert an dës Mëtt Januar un de fréiere Gesondheetsminister Di Bartolomeo iwwerreecht, deen se a senger Qualitéit vum Chamberpresident réceptionnéiert huet. Wat geschitt dann elo mat deene Mënschen déi ënner chronescher Péng leiden? Wou kënne si gehollef kréien? A wat sinn d’Aussiichten fir d’Schmäerztherapie zu Lëtzebuerg an noer Zukunft?(Rediff. um 13.20)