Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Vum leschten Dezemberdag un ass d’Clinique de la douleur an der Zithaklinik zou, well d’Ressource feele fir dëse Schmäerztherapiezentrum ze bedreiwen.D’ALPADOC, Association luxembourgeoise des patients à douleurs chroniques huet dorops eng Petitioun lancéiert, an déi Mëtt Januar un den fréiere Gesondheetsminister Di Bartolomeo iwwerreecht, deen se a senger Qualitéit vum Chamberpresident réceptionnéiert huet. Wat geschitt dann elo mat deene Mënschen di ënner chronescher Péng leiden? Wou kënne si gehollef kréien? A wat sin d’Aussiichten fir d’Schmäerztherapie zu Lëtzebuerg an noer Zukunft? D’Nathalie Bender huet der Presidentin vun der ALPADOC, Denise Bucciarelli dës Froe gestallt, a wollt och wëssen wou de Projet “Schmäerzklinik” dann iwwerhaapt hierkoum.(Rediff. vu 7.35)