Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
De 7te Februar 2014 fänken déi olympesch Wanterspiller zu Sotchi un. Am Virfeld ass vill iwwert d’Mënscherechter a Russland, a séier wéineg iwwert de Sport diskutéiert ginn. Deen ee Politiker wäert ënnert den Zuschauer sinn, anerer mengen, Drock op Moskau ze maachen, andeems se net op Sotchi reesen. Wat soll ee vun der Verknäppung Politik-Sport halen? Wéi ass et iwwerhaapt mam Wantersport hei zu Lëtzebuerg? Hu mir Chancen fir nees enges Daags bei enger Wanterolympiade mat derbäi ze sinn? Am Interview ass den André Hoffmann, President vum COSL, dem Comité Olympique et sportif Luxembourgeois.(Rediff. um 13.30)