Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
De 7te Februar 2014 fänken déi olympesch Wanterspiller zu Sotchi un. Am Virfeld ass vill iwwert d’Mënscherechter a Russland, a séier wéineg iwwert de Sport diskutéiert ginn. Deen een oder anere Politiker wäert ënnert den Zuschauer sinn, awer d’EU Kommissärin Viviane Reding beispillsweis, oder den däitsche Bundespräsident Gauck mengen, Drock op Moskau ze maachen, andeems datt se net op Sotchi reesen. D’Marie-Paule Fischbach huet den André Hoffmann, President vum COSL, dem “Comité Olympique et sportif Luxembourgeois” de Moie gefrot, a wéi wäit d'olympesch Spiller déi richteg Plaz sinn, fir am Kontext vun de Mënscherechter Drock op Russland ze maachen?(Rediff. vu 7.35)