arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Haut um 18ten Dezember ass den internationalen Dag vun de Migranten, dee vun der Unesco an d’Liewe geruff ginn ass. E bezitt sech op eng Konventioun iwwert d’Rechter vun de Migranten, déi den 18ten Dezember 1990 vun der Generalversammlung vun der UNO adoptéiert ginn ass. Zu dem Thema war de Moien den Europadeputéierte Charles Goerens, Member vun der Sous-Kommissioun Mënscherechter am Interview beim Marie-Paule Fischbach.(Rediff. vu 7.35)