“Dans les roches océaniques, la vie”- esou huet d’Wëssenschaftlerin Bénédicte Menez hire Virtrag iwwerschriwwen, dee se den Owend um halwer 7 am Crédit Agricole an der Scheffer Allée hält. Den Institut Français huet d’Géomicrobiologin, Professeur des Universités en sciences de la terre op Lëtzebuerg invitéiert. D’Madame Menez ass ënner anerem Laureatin vum Präis Irène Joliot-Curie “jeune femme scientifique de l’année”, an d’Marie-Paule Fischbach huet sech de Moie mat hir iwwert d’Geomicrobiologie ënnerhalen, eng Wëssenschaft déi sech ënner anerem mat den Interaktiounen tëscht Mikroben a Fielsen beschäftegt.(Rediff. vu 7.35)
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Episoden

Patrick Hubert
Muer fänkt de Konklav u fir en neie Poopst ze wielen. Wéi leeft déi geheim Wal genee of? Dat froe mir dem Bëschof säi juristesche Beroder.

Dr. med. Malou Blasen
D'Associatioun vun de Veterinäre schléit Alarm: D'Doktere géifen ëmmer méi heefeg Affer vun Attacken op de sozialen Netzwierker souwéi vu verbaler an esouguer physescher Gewalt ginn.

Patrick Dury
E Gespréich iwwer déi Theemen, déi den LCGB-President a senger Éischt-Mee-Ried ugeschwat huet: Sozialofbau a Sozialdialog, Pensiouns- a Krankeversécherung.

Françoise Thoma
Mécht d'Spuerkeess sech Suerge wéinst dem Donald Trump senger Politik a Saachen Taxen? Mir hu mat der Generaldirectrice vun der Spuerkeess geschwat.

Cindy Bauwens
D'Direktesch vun der Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l'Audiovisuel (ALIA) iwwer déi nei Radiodiffusiouns-Technologie DAB+, déi geschwënn zu Lëtzebuerg lancéiert gëtt.

Marc Baum
Dee lénken Deputéierte Marc Baum ass eisen Invité, fir ënner anerem iwwer d'Spezialkommissioun Caritas ze schwätzen, grad wéi iwwer de Parteikongress vun déi Lénk.

Xavier Turquin
Mam nach neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg schwätze mir iwwer d'Klimabeweegung an dat rezent Urteel an den USA, dat fir Diskussioune suergt.

Monique Stirn
D'Generalinspektioun vun der Police huet d'lescht Joer däitlech méi Enquêtë géint Polizisten opgemaach, wéi nach 2023. Mir froen d'Cheffin vun der IGP, wourun et kéint leien.

Eric Thill
Dee fréiere Buergermeeschter vu Schieren ass net just Kultur- an delegéierten Tourismusminister, mee wëllt och Generalsekretär vun der DP ginn. Fir wéi eng Politik steet hien?

Leo Wagener
Nom Doud vum Poopst François stellt sech elo d’Fro: wat kann déi kathoulesch Kierch sech vu sengem Successeur erwaarden? Dat beschwätze mir mam Weibëschof.
Podcast-Tip: Chronologie vun der Caritas-Affär
Nei Serie am Zeenewiessel

Raymond Becker
D'Friddensplattform rifft muer (19.4.) zu hirem Ouschtermarsch op. Mee wéi sollen déi friddlech Léisunge fonnt ginn?

Philippe Jacob
De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?

Jessie Thill
Mir froen d'Presidentin vum Observatoire de l’Environnement Naturel, firwat si déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz kritesch gesäit.

Tilly Metz
D'Europadeputéiert ass dës Woch mat enger Delegatioun vun deene Gréngen am Europaparlament an der Ukrain.

Charel Müller
Mir froen den neie President vun der Dëschtennisfederatioun, wéi hien no de Reiwereien an de leschte Méint nees Rou an d'FLTT wëllt bréngen.

André Hansen
E Sonndeg geet d'Weltausstellung zu Osaka a Japan op. Mir froen de Kommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon, wat d'Visiteuren do erwaart.

Carole Hartmann
D'Députée-maire vun Iechternach wëllt Presidentin vun der DP ginn. Wat huet si mat der Partei wëlles?
