Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Déi sougenannt “A30”, d'Aktivisten a Presseleit, déi rezent a Russland festgehale goufen, well se géint d’Foragen vu Gazprom an der Arktis protestéiert hunn, si wuel mëttlerweil fräigelooss, weider awer inculpéiert, a kënnen de russeschen Territoire nët verloossen. Greenpeace Lëtzebuerg huet, och fir dësen Aktivisten ze hëllefen, e Concert de bienfaisance organiséiert, fir deen den 14. Januar 2014 déi jonk Sopranistin Katerina Smidova an der Philharmonie optrëtt, an den CEO vu Greenpeace international, Kumi Naidoo, ass an der Philharmonie, och fir sech op der Bühn mam Journalist vum radio 100,7, dem François Aulner, ze ënnerhalen.(Rediff. vu 7.35)