Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Enn vun de 60er Joren huet sech eng ONG forméiert mam Numm “Club of Rome” an 1972 gouf doropshin d’Etude “limits to growth” publizéiert, eng Etude mat méiglechen Zukunftsszenarien, bei där ee vun den Co-Auteuren den Professer fir Klima- an Energiefroen Jorgen Randers war. De Professer Randers huet am Juni lescht Joer zesummen mat 30 aneren Experten d’Etude “2052 – a global forecast for the next forty years” publizéiert, déi hien den nächste Mëttwoch op Invitatioun vum Mouvement écologique, der Caritas an der ASTM an der Coque presentéiert. D’Nathalie Bender huet sech mam Prof. Jorgen Randers doriwwer ënnerhalen. (Rediff. um 13.30)