Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Den 28. Oktober ass déi 15. Rhein Ministerkonferenz zu Basel. Lëtzebuerg huet an der Persoun vum André Weidenhaupt, Direkter vun Waasserwirtschaftsamt, d’Présidence vun der Rhein Schutzkommissioun, an där d’Länner aus dem Anzuchsgebidd vum Rhein sech zesummegedoen hunn. Grouss Themen op der Ministerkonferenz sinn d’Duerchgängegkeet vun de Flëss (Trape fir Saumonen a.ä.), Micro-polluanten, a wéi mer eis op d’Iwwerschwemmunge virbereeden, déi am Kontext mam Klimawandel op eis duerkommen. En etlech Mesurë wäerten och den Alldag vun engem Deel vun eisen Nolauschterer betreffen. Den André Weidenhaupt mécht eng kleng Virausschau op d‘Dagesuerdnung vun der Ministerkonferenz. (Rediff. um 13.30)