arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow
Haut ass den internationalen Dag vum wäisse Bengel, wou op d‘Problemer vun de Blannen a séibehënnerte Mënschen opmierksam gemaach soll ginn. Am Interview ass de Roger Hoffmann, Direkter vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung, déi ënner anerem de Mëtteg op eng Formatioun invitéieren, iwwerschriwwen “Séibehënnerung am Alter”. Rieds geet do iwwert déi heefegst Aekrankheeten an och iwwer nëtzlech Hëllefsmëttel.(Rediff. um 13.30)