Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
3ten Oktober 2013: bei engem Schëffsaccident viru Lampedusa erdrénken op d'mannst 350 Flüchtlingen aus Äthiopien an Erythrea. 9ten Oktober 2013: den EU Kommissiounspresident José Manuel Barroso versprécht méi finanziell Hëllef fir Italien fir de “Flüchtlingsstroum” ze géréieren, mee un der europäescher Flüchtlingspolitik schéngt sech näischt ze änneren. Mam Serge Kollwelter, President vun der europäescher Mënscherechtsassociatioun beliichte mer verschidde Léisungsgusäz, wéi Europa sech manner mënscheveruechtend a méi solidaresch kéint weisen.(Rediff. um 13.30)