Radioen

On air

Tockcity  |  Honey Dijon, Ben Westbeech - Finding My Way (DJ - Kicks)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ An Erënnerung un de Carlo Hommel:

An Erënnerung un de Carlo Hommel:

Live-Matschnëtt vum Weihnachtsoratorium vum Johann Sebastian Bach de 16. Dezember 2000 an der Porkierch zu Biissen. Direktioun: Carlo Hommel Interpreten: Le Madrigal de Luxembourg, Neusser Kammerorchester Solisten: Karin Muller, Sopran; Danielle Kohll, Alt; Marc Dostert, Tenor; Jean-Marie Kieffer, Bass. Johann Sebastian Bach: Weihnachtsoratorium BWV 248 I.: 9 Gesäng a Rezitativen II.: 14 Gesäng a Rezitativen III.: 13 Gesäng a Rezitativen De Carlo Hommel huet déi 5 Deeler vun dësem Oratorium an zwee getrennte Concerten 2 Joer hannerteneen opgefouert. De radio 100,7 diffuséiert de 4. a 5. Deel muer um 18:30 a Mëttwoch um 14:00. Presentéiert vum Fernand Weides. (Rediff. muer um 07.30)

Episoden

Chrëschtconcert

Klassiker aus Chrëschtdagsfilmer

De Christus-Oratorium vum Franz Liszt

An dësem Live-Matschnëtt steet dee sielen opgeféierte Christus-Oratorium vum Franz Liszt um Programm.

Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

Vu Romantik bis hin zu Impressionismus an Jazz: Dräi Proffen aus dem Escher Conservatoire interpretéiere Wierker vun éischter onbekannte Komponisten an der besonnescher Konstellatioun vum Trio Piano, Flütt a Klarinett.

Dem Bruckner seng 7. Sinfonie

200. Jubiläum vum Anton Bruckner: Den däitschen Organist Christian von Blohn interpretéiert déi 7. Sinfonie vum Anton Bruckner am Kader vun den Anton-Bruckner-Festspiller zu Diddeleng an der Mäerteskierch.

De Johny Fritz an d'Erna Hennicot-Schoepges am Gespréich

Deenen zwou Lëtzebuerger Perséinlechkeete gouf am zweete Volume vum Lëtzebuerger Musekslexikon jeeweils en Artikel dediéiert.

Een Owend voller Brahms

Huelt Plaz an der Genfer Victoria Hall a genéisst en Owend ganz am Zeeche vum Johannes Brahms.

Bruckner 4 um Uergelfestival

Am Kader vun de Bruckner Festspiller spillt d'Bernadetta Šuňavská dem Anton Bruckner seng 4. Sinfonie a Mi bémol majeur.

"Sie ging ja nur vorbei"

Den Trio Dora an d'Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege féieren op der Bün duerch der Dora Pejačević hiert Liewen.

The Inventor vum Bramwell Tovey

Eng Oper geschriwwe vum fréiere Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.

Dem Tschaikowski säin "Nussknacker"

E Klassiker an der Chrëschtzäit

50 years on - Friends of the Organ in Luxembourg

Gebuertsdagsconcert vun Les Amis de l'Orgue Luxembourg

Alle Menschen werden Brüder

Ganzer siwe Komponisten a Wierker presentéieren d'Solistes Européens, Luxembourg an engem Concert.

Wierker vun Elgar, Wennäkoski a Sibelius

Den Deutsches Symphonie-Orchester Berlin ënner der Leedung vum Robin Ticciati

E monumentale Requiem

Dem Giuseppe Verdi seng “Messa da Requiem” mam Choeur de Chambre de Luxembourg

Alle Menschen werden Brüder

Ganzer siwe Komponisten a Wierker presentéieren d'Solistes Européens, Luxembourg an engem Concert.

De Vadim Gluzman mat den SEL

Concert mam Motto "Im Osten viel Neues" vum 30. September 2024 an der Philharmonie

Tosca vu Puccini

Dëst Joer gëtt un dem Giacomo Puccini säin 100. Doudesdag erënnert.

Ee Quintett an zwee Quartetter

E Quintett mat engem Dirigent um Kontrabass

Zwee tschechesch Komponisten

Musek vu Smetana a Janácek

Vu Mozart bis Piazzolla

Vun der Wiener Klassik, iwwer Max Bruch an Nino Rota bis an déi verschidde Joreszäite vu Buenos Aires, mat dräi Enseignanten aus dem Ettelbrécker Conservatoire