Concert
Neijoerschconcert Live
Live vu Wien:Dirigent vum Neijoerschconcert 2012 ass de Mariss Jansons. Dee lettesche Maestro steet domadder no 2006 fir d‘2. um Pult vun de Wiener Philharmoniker, fir dëse populäre Concert ze dirigéieren. Den Orchester honoréiert mat där Invitatioun déi 20järeg Zesummenaarbecht mam Mariss Jansons, deen am Abrëll 1992 seng Première zu Wien hat.De Mariss Jansons ass zënter 2003 Chefdirigent vum Orchester vum bayresche Rundfunk an zënter 2004 och Chef vum Concertgebouw-Orchester zu Amsterdam. Virdru war hie Chef vum Oslo Philharmonic Orchestra (1979 bis 2000), Chef vum Pittsburgh Symphony Orchestra (1997 bis 2004) an éischte Gaaschtdirigent vum London Philharmonic Orchestra (1992 bis 1997).Moderatioun: Guy Engels. Mariss Jansons