Nikolaus von Kues 'De docta ignorantia'1440 gouf e Buch verëffentlecht vun engem Auteur, dee bis dohinner allzäit als Philosoph an Theolog net weider ervirgetratt war: 'De docta ignorantia' vum Nikolaus von Kues.1401 zu Kues un der Musel gebuer, hat de Kusanus sech virun allem als Rechtsgeléierten a Kiercherechtler ervirgedoen. An der kierchlecher Hierarchie war hien deemools schonn zimlech wäit eropgeklomm. E puer Mol z.B. war hien dem Poopst säi Gesandte gewiescht bei wichtege kierchepolitesche Missiounen.An elo huet hie sech onvermëttelt als Philosoph gewisen, an der Traditioun vun den neoplatonesche Mystiker, wéi z.B. dem Plotin, dem Pseudo-Dionysios, dem Ramon Llull a virun allem dem Meister Eckhart. Et handelt sech dobäi ëm eng haaptsächlech intellektuell Mystik, déi sech méi mat philosophesche Spekulatioune beschäftegt, wéi datt se sech géing vun aussergewéinleche Visiounen an Erliefnesser hierleeden.D'Haaptthema vum Buch ass d'Verhältnes tëscht dem Mënsch a Gott, d.h. dem Endlechen an dem Onendlechen. Wéi léisst sech dës Relatioun onverfälscht denken, a wellech Aart vun Erkenntnes vun dësem Gott ass dem Mënsch zougänglech, wann et dann iwwerhaapt eng gëtt? Den Titel vum Buch gëtt en Hiweis op dem Kusanus seng Äntwert op dës Froen.Den Hubert Hausemer presentéiert dëst Wierk. Rediff. vum 22.3.2011.
arrow_back_ios
Seismograph
Philosophie & Gesellschaft am Buch
Episoden
Auszeit
Wat ass eigentlech eng Auszäit, a wéisou ass se anescht wéi déi normal Zäit? A wéisou stressen sech esou vill Leit mam Gedanken, hir fräi Zäit net ideal ze notzen?
Descartes‘ Träume
Den Descartes hat a senger Jugend dräi wichteg Dreem, déi säi Liewe verännert hunn. De Lukas Held presentéiert dës Dreem a stellt d’Fro, wat d’Roll vun den Dreem an eisem Liewen ass.
Marys Fledermäuse
Kann een eng subjektiv Erfarung vollstänneg duerch objektiv wëssenschaftlech Fakten erklären? Oder gëtt et Aspekter vun eisem Bewosstsinn, déi sech esou enger Erklärung entzéien?
Fürst und Schuster
Wéi beaflosst eis soziaalt Ëmfeld eis Perceptiounen an eist Versteesdemech vun der Welt? Dozou gëtt et ee Gedankenexperiment, dat hei presentéiert gëtt.
Zecken!
D'Zecke kënne ganz geféierlech Krankheete iwwerdroen. Manner bekannt ass, datt Zecken och zu philosophescher Éier komm sinn. Wéi a wisou?
Orientéierungslousegkeet
Hebammenkunst
Enn lescht Joer huer d’Unesco d’Hiewanskonscht zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet deklaréiert - och op Demande vu Lëtzebuerg. Iwwerleeungen iwwer déi philosophesch Dimensioun vun der Hiewanskonscht
Was ist eine Lüge?
Op den éischte Bléck schéngt et jo eng relativ simpel Saach ze sinn: entweder et seet een d’Wourecht, oder et seet een eng Ligen. Mee wann een doriwwer nodenkt, dann ass déi Trennung guer net esou evident.
Aarmut a Misär
Wéisou Aarmut net gläich Misär ass
Via Negativa
Rohheit, Härte, Kälte
De 27. Januar 1945 gouf d‘Konzentratiounslager Auschwitz vun der Rouder Arméi befreit. Aus dësem Ulass gedenke mir den Affer vum Nationalsozialismus.
Paul Feyerabend zum 100. Gebuertstag
Deen éisträichesche Philosoph ass als e grousse Wëssenschaftsphilosoph an d’Geschicht agaangen, notamment wéinst senger “anarchistescher“ Approche zur Wëssenschaft.
Ist Reichtum unmoralisch?
Wisou zéie mir bei der Aarmut eng Grenz, mee awer net beim Räichtum? Wéi kéint eng Räichtumsgrenz ausgesinn? Ass Räichtum iwwerhaapt moralesch vertrietbar?