Mir si wat mir schwätzenEnn August 2010 huet d’New York Times an der Titelgeschicht vun hirem Sonndesmagazin gefrot: Formt Äer Sprooch d’Aart a Weis, wéi Dir denkt? Eigentlech hätt ee kënne mengen, datt déi Fro laang decidéiert wär. Den däitsche Bildungspolitiker an Diplomat Wilhelm von Humboldt hat 1820 declaréiert, datt d’Diversitéit vun de Sproochen net eng Diversitéit vun Zeechen a Lauter wär, mä eng Diversitéit vun de Weltsiichten. Gutt honnert Joer méi spéit ass den amerikanesche Sproochfuerscher Benjamin Lee Whorf nach méi wäit gaang an huet de Prinzip vun der linguistescher Relativitéit agefouert; deemno huet d’Sprooch en decisiven Afloss op d’Denken an d’Handelen. Den US-Linguist Noam Chomsky huet a senger akademescher Aarbecht zënter den 1950er Joren eng Universalgrammatik entwéckelt. Esou gesinn ass et eng biologesch Fro, wéi mir denken. Net esou huerteg, äntwert elo den israelesche Linguist an Informatiker Guy Deutscher, Auteur vum Essay aus der Times. A sengem neie Buch “Through the Language Glass” stellt hie sech nees op d’Säit vun der kultureller Optioun a mengt, datt et eng Korrelatioun tëscht eiser Mammesprooch an eisem Denke gëtt. De Romain Kohn huet dësen Essay op englesch gelies a mécht sech seng Gedanken doriwwer op lëtzebuergesch. Rediff. vum 22.2.2011.
arrow_back_ios
Seismograph
Philosophie & Gesellschaft am Buch
Episoden
Auszeit
Wat ass eigentlech eng Auszäit, a wéisou ass se anescht wéi déi normal Zäit? A wéisou stressen sech esou vill Leit mam Gedanken, hir fräi Zäit net ideal ze notzen?
Descartes‘ Träume
Den Descartes hat a senger Jugend dräi wichteg Dreem, déi säi Liewe verännert hunn. De Lukas Held presentéiert dës Dreem a stellt d’Fro, wat d’Roll vun den Dreem an eisem Liewen ass.
Marys Fledermäuse
Kann een eng subjektiv Erfarung vollstänneg duerch objektiv wëssenschaftlech Fakten erklären? Oder gëtt et Aspekter vun eisem Bewosstsinn, déi sech esou enger Erklärung entzéien?
Fürst und Schuster
Wéi beaflosst eis soziaalt Ëmfeld eis Perceptiounen an eist Versteesdemech vun der Welt? Dozou gëtt et ee Gedankenexperiment, dat hei presentéiert gëtt.
Zecken!
D'Zecke kënne ganz geféierlech Krankheete iwwerdroen. Manner bekannt ass, datt Zecken och zu philosophescher Éier komm sinn. Wéi a wisou?
Orientéierungslousegkeet
Hebammenkunst
Enn lescht Joer huer d’Unesco d’Hiewanskonscht zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet deklaréiert - och op Demande vu Lëtzebuerg. Iwwerleeungen iwwer déi philosophesch Dimensioun vun der Hiewanskonscht
Was ist eine Lüge?
Op den éischte Bléck schéngt et jo eng relativ simpel Saach ze sinn: entweder et seet een d’Wourecht, oder et seet een eng Ligen. Mee wann een doriwwer nodenkt, dann ass déi Trennung guer net esou evident.
Aarmut a Misär
Wéisou Aarmut net gläich Misär ass
Via Negativa
Rohheit, Härte, Kälte
De 27. Januar 1945 gouf d‘Konzentratiounslager Auschwitz vun der Rouder Arméi befreit. Aus dësem Ulass gedenke mir den Affer vum Nationalsozialismus.
Paul Feyerabend zum 100. Gebuertstag
Deen éisträichesche Philosoph ass als e grousse Wëssenschaftsphilosoph an d’Geschicht agaangen, notamment wéinst senger “anarchistescher“ Approche zur Wëssenschaft.
Ist Reichtum unmoralisch?
Wisou zéie mir bei der Aarmut eng Grenz, mee awer net beim Räichtum? Wéi kéint eng Räichtumsgrenz ausgesinn? Ass Räichtum iwwerhaapt moralesch vertrietbar?