Concert
Concert
Live-Matschnëtt vum 24. Oktober 2005 mat de Solistes Européens, Luxembourg an dem Solist Nelson Freire an der Philharmonie. Direktioun: Jack-Martin Händler Solist: Nelson Freire, Piano. Um Programm: W.A.Mozart: 5.Sinfonie a si bémol majeur K.22; 9. Pianosconerto a mi bémol majeur, K.271, “Jeunehomme”; 39. Sinfonie a mi bémol majeur, K.543 Dëse Mozart-Programm hunn d’SEL och zu Paräis am Théâtre des Champs-Elysées interpretéiert. De brasilianesche Pianist Nelson Freire huet nach en Arrangement op e Wierk vum Gluck als Bis gespillt, e ganz besonnesche Genoss, während d’SEL de 4. Saz aus der 2. Sinfonie vum L. van Beethoven als Zugab ginn hunn. Presentéiert vum Fernand Weides. (Reprise)