Klassik aktuell
D'Musek ass seng sechst Sprooch
9 min

De Kotaro Fukuma ass kee Pianist, dee sech mat übleche Programmer zefridde stellt. Och beim Mosel Musikfestival dëst Joer mécht hie bei zwee aussergewéinleche Projete mat. Eemol spillt hien um Piano wärend e Kënschtler live ee Konschtwierk erstellt, an eemol spillt hien d'Musek zu enger Liesung.
Dem Marie Schockmel huet de Pianist ënner anerem verroden, ob hien dacks bei esou besonnesche Konzepter matmécht, wéi et dozou koum, datt hie fënnef Sprooche schwätzt, an ob d'Musek fir hien och eng eege Sprooch ass.
episoden

Déi néngt Editioun vum internationalen Uergelconcours zu Diddeleng
De Paul Breisch ass ee vun de Jurysmembere beim internationale Concours fir Uergel zu Diddeleng. Hien erkläert, wat dëse Concours eenzegaarteg mécht.

An aacht Statiounen duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht
E Gespréich mam Musekswëssenschaftler Damien Sagrillo iwwer seng Publikatioun "Musikgeschichte Luxemburgs"

D'Militärmusek am Gréiweschlass zu Käerch
Concert vun der Militärmusek ënner der Baguette vum Chef de Musique adjoint Jean Thill am Kader vun de Concerts de Koerich (03.09.)

Ee romanteschen a musikaleschen Duo
Concert de Midi vum Duo Phébus an der Protestantescher Kierch an der Stad (01.09.)

Keen éischte Präis
Den Alexander Sinan Binder an de Mateusz Gwizdalla deele sech den zweete Präis beim internationale Zoltán-Kodály-Dirigenteconcours.

Keen éischte Präis
Den Alexander Sinan Binder an de Mateusz Gwizdalla deele sech den zweete Präis beim internationale Zoltán-Kodály-Dirigenteconcours.

"It is like a 10 day party"
Den Niall Brown ass neien artisteschen Direkter vum Konz Musik Festival (31.08.-10.09.).

Niveau net esou héich wéi erwaart
No zwou Ronne stinn d'Finalisten vum internationalen Zoltán-Kodály-Dirigenteconcours fest. De Jurysmember Remy Franck gëtt en Abléck an den Oflaf.
E ronne Gebuertsdag an en ëmstriddene Biopic
Komponist, Dirigent, Museker a Pedagog: De 25. August 1918 koum de Leonard Bernstein op Welt. E Biopic kuckt elo op säi Liewen zeréck.

25 Jahre auf dem Holzweg
Concert vum Grupp Wildes Holz um Mosel Musikfestival (29.08.)

Musek am Atertdall
De Festival Musik am Atertdaul mat der Stëmm am Mëttelpunkt

E Midi Musical mat Bach a Rheinberger
Den Organist Jos Majerus an d'Geiistin Jehanne Strepenne proposéieren eng musikalesch Mëttesstonn an der Méchelskierch.

Als Net-Dirigent op engem Dirigenteconcours
De Remy Franck ass am Jury vum internationale Kodály-Concours. Hie beräichert de Jury duerch seng jorelaang Erfarung als Musekskritiker.

"Man muss musikalisch gesehen die Hosen runter lassen"
Dräi Concerte vum Klarinettist Sebastian Manz um Mosel Musikfestival 2023 (17./19. an 20.08.)
