Panorama
Panorama
12 min
1. Den Interessi bei de Lëtzebuerger aus Brasilien un de Chamberwalen ass geréng. Vun de ronn 26.000 potentielle Wieler a Brasilien, hunn der 188 eng Demande fir d'Bréifwal eragereecht
2. D'Regierung huet haut en neien nationale Plang fir d'Stierfhëllef a Palliativfleeg virgestallt. D'Qualitéit vun de Soinen an den Accompagnement sollen duerch verschidde Mesureëverbessert ginn
3. An de Baggerweieren zu Rëmerschen kann ee bis op Weideres net schwamme goen wéinst enger héijer Konzentratioun vu Bloalgen am Waasser. Bei Kontakt mat de sougenannte Cyanobakterien am Waasser kënne Mënsch an Déier zu Schued kommen
4. D'EU-Kommissioun gëtt gréng Luucht fir e weiderentwéckelten Covid-19-Impfstoff. Den ugepasste Vaccin wier e Meilesteen am Kampf géint d'Krankheet, heescht et haut zu Bréisse
5. Zu Hongkong gouf déi héchst Alarmstuf wéinst dem Taifun Saola ausgeruff. Den nationale Wiederdéngscht rechent mam stäerkste Stuerm zanter iwwer 70 Joer am Süde vu China