arrow_back_ios
Klassik aktuell
D'Militärmusek am Gréiweschlass zu Käerch
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Dëse Sonndeg (03.09.) spillt d'Lëtzebuerger Militärmusek ee Concert am Gréiweschlass zu Käerch. D'Kuliss ass eng ganz besonnesch, matten am Schlass dran. An och de Programm passt bei déi Maueren. Mat dobäi sinn Dänz aus der Renaissance, Musek aus dem Mëttelalter, an och Jazz. Ee ganz diverse Programm also, deen de Lieutenant Jean Thill extra fir dëse Concert zesummegestallt huet.
De Chef de Musique adjoint vun der Militärmusek, an och ee vun den Trombonisten, huet dem Marie Schockmel méi verroden.