Presserevue
Presserevue
4 min
D'Luxair wëllt sech no 50 Joer aus dem Cargo-Geschäft zeréckzéien, schreift d'Tageblatt. Dëst wier eng Zäsur an der Geschicht vun der Entreprise. De François Bausch hätt d'Loftfaart-Branche an de leschten zéng Joer mat gepräägt, net zu Lescht duerch Personal-Decisiounen. Den Afloss vun der Regierung op d'Branche hätt zougeholl. D'Konsequenzen dovu wäerten eréischt ze gesi sinn, wann de grénge Politiker säi Büro geraumt huet, hält d'Tageblatt fest.
"Wer will nochmal, wer hat noch nicht", heescht et op der éischter Säit vum Luxemburger Wort. An der Analys geet et ënner anerem ëm déi staatlech Suen, déi d'Parteie kréien. D'Zomme géife vum Wal-Succès vun de Parteien ofhänken, schreift d'Luxemburger Wort. Vun den 12 Parteien, déi bei de Chamberwalen untrieden, kréichen der siwe Steiersuen.