Panorama
Panorama
12 min
1. D'Spekulatioune ronderëm de presuméierten Doud vum Wagner Chef Jewgeni Prigoschin gi monter weider, wat genee geschitt ass, doriwwer gëtt et nach ëmmer keng offiziell Confirmatioun
2. Hu mir genuch Gas fir iwwer de Wanter ze kommen? Zu Lëtzebuerg geet de Gasverbrauch dëst Joer net onbedéngt weider erof, esou de Statec - dem Energieministère no wäert de Grand-Duché d'EU-Zil fir genuch ze späicheren, erreechen.
3. De BRICS-Grupp vun de wichtege Schwellelänner vergréissert sech ëm sechs weider Memberlänner, war et haut d'Annonce um Sommet zu Johannesburg
4. Zu Moskau huet e Geriicht d'Untersuchungshaft vum amerikanesche Journalist Evan Gershkovich ëm weider dräi Méint, bis den 30. November verlängert. Hien ass den éischten auslännesche Journalist, deen zanter dem Kale Krich a Russland festgeholl gouf
5. A Polen si bei engem groussen Ausbroch vu Legionelle bis ewell fënnef Mënsche gestuerwen.