Klassik aktuell
25 Jahre auf dem Holzweg
10 min

D'Blockflütt ass en Instrument, bei deem vill Leit direkt u kleng Kanner denken, déi dat e puer Joer laang spillen. Den Tobias Reisige huet mat sechs Joer ugefaange mam Instrument an huet ni opgehalen. Mat 21 Joer huet hien da wärend senge Museksstudien aus Spaass eng Band zesumme mat zwee Frënn gegrënnt. Ufanks hunn déi dräi nëmmen Jazz gespillt, an no a no koumen da vill weider Museksstiler dobäi. An och bei den Instrumenter ginn et der net nëmmen dräi. Mat dobäi si verschidde Gréisste vun der Blockflütt, Gittar a Kontrabass, an och eng "singende Säge".
Dem Marie Schockmel huet den Tobias Reisige méi erzielt.
episoden

Musek am Atertdall
De Festival Musik am Atertdaul mat der Stëmm am Mëttelpunkt

E Midi Musical mat Bach a Rheinberger
Den Organist Jos Majerus an d'Geiistin Jehanne Strepenne proposéieren eng musikalesch Mëttesstonn an der Méchelskierch.

Als Net-Dirigent op engem Dirigenteconcours
De Remy Franck ass am Jury vum internationale Kodály-Concours. Hie beräichert de Jury duerch seng jorelaang Erfarung als Musekskritiker.

"Man muss musikalisch gesehen die Hosen runter lassen"
Dräi Concerte vum Klarinettist Sebastian Manz um Mosel Musikfestival 2023 (17./19. an 20.08.)
