Panorama
Panorama
11 min
1.D'Zuel vu Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, geet weider an d'Luucht. Am Juli ware 16.000 Leit op der Sich no enger Aarbecht, Iwwer 1.800 méi wéi de Mount virdrun
2. Am Bausecteur ass d'Angscht viru Faillitte weiderhi grouss, seet den Norry Dondelinger vun der Handwierkerkammer
3. Human Rights Watch mécht schwéier Reprochë géint déi saudiarabesch Grenzschutzautoritéiten. Si hätten Honnerten äthiopesch Migranten an Asyldemandeuren op hirer Flucht aus dem Jemen erschoss
4. Wéinst Bëschfeieren ass d'Situatioun op Teneriffa, a Griicheland an a Kanada ëmmer nach ganz ugespaant.
5. Muer soll de japanesche Regierungschef Fumio Kishida en Datum festleeën, ab deem mat der Verklappung vum Killwaasser vu Fukushima ugefaange gëtt